LuxHosting Networks SARL - - Testimonials - Témoignages Clients


[Add entry]

Author Comment
Pi
posted on: 24.10.2003
E-Mail Homepage  
Ech kann nemmen soen: excellent praisser, super service, schnellen server an schnell hellef bai allen probleemer dei keinten ufaalen...

Nemmen ze recommandeieren!
 
CLEMENT Sven
posted on: 08.10.2003
E-Mail Homepage  
Also ech fannen datt den Lex sech extrem an Zeug leet fier engem ze hellefen, well ech haat zum Beispill een Probleem matt mengem aalen Hoster, do huet den Lex mier formidabel gehollef, desweideren haat ech e puer Extra-Wensch, ann och di huet den Lex mier ërëm formidabel gehollef. Alles ann allem, hunn ech bis elo nach keen besseren Hoster zu dësen Präiser fond, ann ech froen mech firwaat LuxHostings nët schons laang deen gréissten Hoster hei zu Lëtzebuerg ass.



Nach eng Keier vill vill mools Merci Lex.
 
nhottua
posted on: 25.09.2003
E-Mail Homepage  
Salut Luxhostingteam,

also fir d' eischt mol, alle guer dei dumm schwätzer hei dei iech kritiseieren, dei sin just neidesch an wieren frou wann se et besser keinten.

Also ech muss soen, ech sin mega frou datt den Kolleg mir demols är adress gin huet, well daat ass wierklech super,gudd Praisser,super system an virun allem schnell äntwerten op eng Fro,



Macht weider sou,dann schaffen mir nach lang sou zesummen.



Bis dann.Den Nico.



PS:Wou kann ech een Banner vun iech fannen???
 
Jan B.
posted on: 19.09.2003
E-Mail Homepage  
Also esch fannen esou Saachen wéi déi vun deen Turk einfach läscherlesch... ok esch sin och net bei luxhosting, mee esch hun bis elo nemmen gutt Kritik héieren, an all déi websiten déi hei gehost sin laafen bei mir perfect an schnell... Esch fannen d'Säit ass och gutt gemaach, fir allem den Flash an den menus... Weider sou, an loost iersch net vun esou idioten wéi deen Türk eroofmaachen...
Alles guddes Jan B.
 
Ballinger Pascal
posted on: 19.09.2003
E-Mail Homepage  
Bonjour alleguer,



Ech wollt eigentlech nemmen zwou Saachen lassgin:

1. Ech fannen dem Lex seng Reaktioun op de Posting vum "Feigling" e bessen iwwerzunn. Emmer cool bleiwen - ech fannen et eigentlech ganz gut wann een a sengem Feedback och dei kritesch respektif schlecht oder debil Postinge stoe leist. Esou vill Selbstvertraue muss een hun, an iwwert onfondeierten Aussoen muss een einfach stoen - opreege brengt do guer näischt, et sierf, et schött een deem aaneren just nach Waasser op d'Millen.

2. Ech fannen de Service vu Luxhosting eigentlech ganz an der Rei. Besonnesch d'Präis-Leeschtungsverhältnis ass super an ech hu bis elo och nach emmer eng zefriddestellend Aentwert op all Fro kritt. Daat eenzecht, waat mech e besse steiert, ass d' Up-time.

Ech wees net bei weivill Prozent dei läit (bestemmt wäit iwwer 90%), mais ech hätt ganz einfach gären eng uptime vun 100% (ech weess, dei bidd keen - mais awer ...).



Ech geng soen, Luxhosting soll sou weider schaffen wei bis elo, da bleiwen ech nach laang Client, an ech kann se och nemmen weiderempfehlen (mais wei gesoot, eng Up-Time vun 100% wär einfach super :) )



Bis dann,



Pascal
 
Charles
posted on: 15.09.2003
E-Mail Homepage  
Den Service um Client bei Luxhosting ass immens; ech kruut nach emmer direkt a kompetent gehollef bei techneschen Froen oder wann ech selwer net mi weider wosst!



Villmols Merci,

den Charles
 
Marcus
posted on: 12.09.2003
E-Mail Homepage  
Bonjour,

Je voudrais exprimer là tous mes remerciements à Luxhosting et à sa Hotline, que cela soit pour la migration vers des serveurs plus securisés ou pour les changements de PHP "à l'arraché" ou des questions de tous genres, j'ai TOUJOURS et RAPIDEMENT eu une reponse et une solution à TOUS mes problemes.

J'ai d'autres sites sous d'autres hebergeurs qui vont migrer tres rapidement chez Luxhosting car peu offre ce genre de service d un aussi bonne qualité et des temps de réponse mysql vraiment agreables.

Mes amitiés et bonne continuation,



PS j'ai un vieux precepte "on ne discute pas avec les brouettes on les pousse" je crois qu il faut l'appliquer dans des cas de medisances gratuites et infondées

Marc
 
DeMil
posted on: 12.09.2003
E-Mail Homepage  
Also Lex loss dech net vun sou Leit beanflossen well mat souer dei vill wellen schreiwen an stänkeren ginn et der emmer,dei mussen dat einfach hunn.

Kann nemmen soen Äer Aarbescht an Service ass gutt.


Comment of the Webmaster:
Commentaires du modérateur: Merci :D

LuxHosting
Feigling
posted on: 11.09.2003
E-Mail Homepage  
Ech hun och schon schlechtes iwwert luxhosting heieren: -einfach server ersetzen ouni bescheed ze soen, software updaten, ouni opzepassen dass duerno nach alles geet, net grad dei schnellsten verbindung. Mee guddes hun ech och heieren: schnell aentwerten op email, an zimlech preiswert.

Comment of the Webmaster:
Commentaires du modérateur: Hallo 'Feigling',



Et as wirklech 'feig' en eseou een post ze schreiwen, an dann nach keng email address oder homepage dobei ze schreiwen...

LuxHosting huet neicht ze beweisen, mee :

- weini as en Server 'einfach ersaat' ginn ?

Dei läscht Aktioun waar am fiiraus geplangt, an 3 mailingen sinn gescheckt ginn. Den eichten 2 wochen am fiiraus. Daat war fir eisen groussen Server wiessel, vun Cobalt opp Ensim, am august.



- Software updaten ginn leider net emmer am fiiraus geplangt, well mir aus secherheets grenn leiwer updaten. Oder hät dir leiwer Serveren dei net 'up to date' sinn, an dei lauter secherheets Läscher huet ???



- Mir kucken dann emmer, dass alles klappt, an do hoffen ech dass eis Clienen et elo schreiwen, well mir verbrengen ongefeier 5 biss 8 Stonnen den Daag nemmen fiir den Support, an daat 7 Deeg opp 7. Ween bit mei ???



- Net grad dei schnellsten verbindung ? Hutt dir nach mei eng schnell ? Mir stinn hannert 7 verschidden ISP'en an Backbonen (LIX, P&T, Codenet, Tiscali, Colt, UUNet an KPNEuroRings)

Wann diir eng besser Verbindung hut, dann zielt eis mol mei dodriwer ...



- Guddes heieren ? Aseou, dir sitt mol keen LuxHosting Client !
An nach en Konkurrent ?

Haat emmer gement das daat hei en guestbook fir seng egen erfahrung ze schreiwen... Waat hutt dir dann hei verlouer ?

Oder hutt dir welles och bei eis Client ze ginn ?



cu

Lex

LuxHosting Networks

anonymous
posted on: 08.09.2003
E-Mail Homepage  
menger meenung no as luxhosting dat allerläscht an 99 prozent uptime hu si och net.


gidd leiwer bei en serieuxsen isp zu letzebuerg an bezuelt en puer frang mei


Comment of the Webmaster:
Cher Monsieur Anonyme,



Je trouve celà étrange que votre adresse IP soit : 212.58.31.3
Celle-ci a été tracée comme provenant de ... Turkie ... Vous écrivez drôlement bien le Luxembourgeois, pour un Turc ... !?

D'autre part, quand on ne sait pas de quoi on parle, on ferait peut-être mieux de ne rien dire.

Tous nos serveurs sont monitorés 24h/24, par une société d'audit informatique, ce qui n'est certainement pas le cas de vos services de hosting.

Car un tel 'témoignage' ne peut provenir que d'un de nos ancien client, qui a pensé que se lancer dans le hosting rapportera assez d'argent pour pouvoir (je cite) : "se payer une bonne bouffe de temps en temps"

Or, quand on installe un PHP sur un serveur, on vérifie en premier si on n'a pas téléchargé une version plus ancienne que celle existante, non ???

J'aurais parfaitement pu supprimer votre témoignage, mais finalement, je me rends compte de votre ... intelligence ... :D

Sur ce, Mr Anonyme, Meilleures salutations

Lex

LuxHosting Networks

1 2 3 4 5 6 7 

- ODGB v1.2 -